Den öffentlechen Transport (Tram, Eisebunn, P&R Parkingen op eise Grenzen, ...) soll nach méi Prioritéit genéissen.
Bei der aktueller Finanzlag ergëtt sech logescherweis doräus, datt eng Partie vun de geplangte Stroossebäuprojeten eréischt méi spéit kënne réaliséiert gin.
Speziell fir de Käerjenger Contournement sot de Minister dann och nach, datt d'Varianten déi vun der Suessemer Gemeng virgeschloe gi sin, nach eng Kéier am Detail analyséiert gin.
Äusserdeem mussen nach eng Partie Gutachten an de Beräicher Ëmwelt a Landesplanung fäerdeggestallt gin, déi dann an d'EIE ("évaluation des incidences environnementales") afléissen.
De Minister wäert den Dialog mat de Suessemer an de Käejenger Bierger sichen. Den Dossier soll an aller Transparenz behandelt gin.