déi gréng Suessem
  • Accueil
  • Presentatioun
    • Gemengerot
    • Comité Lokalsektioun
    • Kommissiounen
    • Eis Statuten
  • Memberschaft
  • Archiv
  • Links
  • Contact

Motioun fir eng barrierefräi a vëlosfrëndlech Gemeng

29/4/2021

 
Picture
Picture
Eis Gemeng Suessem ass Signataire vun der lëtzebuerger "Charte de la Diversité" an huet sech zanter ville Joeren och dem Konzept "Design for All" verpflicht. Gläichfalls huet eis Gemeng d'Ambitioun fir am Kader vun hirem "Mobilitéitsplang 2030" zu enger vëlosfrëndlecher Gemeng ze ginn.
Déi gréng hunn an dësem Sënn haut, den 30. Abrëll eng  Motioun fir eng "barrierefräi a vëlosfrëndlech Gemeng" am Gemengerot agereecht duerch déi de Schäfferot invitéiert sollt ginn, d'Méiglechkeeten ze iwwerpréiwe fir esouwuel d'Foussgängerbréck iwwert de Gleisen tëschent der Rue de France an dem Bieleser Kierfecht, wéi och d'Ënnerféierung ënnert de Schinnen bei der Gare Belval/Rédange esou ze gestalten, datt se an Zukunft och vu Leit mat kierperlechen Aschränkungen a Leit mat Kannerkutsch iwwerhaapt emol, an och vu Vëlosfuerer besser genotzt kéinte ginn.
Leider ass eis Motioun mat de Stëmme vun der LSAP/CSV Majoritéit verworf ginn.
De Schäfferot huet zwar wuel all eis Begrënnunge richteg fonnt an eis Initiativ begréisst, mee amplaz proaktiv ze schaffen an ze kukke wat een do kuerzfristeg kéint realiséieren, waart de Schäfferot léiwer op een zukünftegt Gesetz iwwert d'Accessibilité à tous de lieux ouverts au public, des voies publiques, ... (PL7346) bei deem nach net gewosst ass  wéini et kënnt a wat definitiv drasteet, fir dann eréischt ze analyséieren ob a wat een op deenen 2 Plaze maache kéint fir d'Mobilitéit vu Leit mat kierperlechen Aschränkungen, Leit mat Kannerkutsch an och vun de Vëlosfuerer op dësen 2 Plazen ze verbesseren.
Ëmmerhin ass d'Verspriechen vum Schäfferot do fir aktiv ze ginn esoubal dat neit Gesetz an der Chamber gestëmmt ass.
Mär bleiwen um Ball.
Liest hei déi ganz Motioun:
fir eng barrierefräi a vëlosfrëndlech Gemeng

Logementskris - Gemengen an der Verantwortung

23/4/2021

 
Picture
Zu Lëtzebuerg ass et besonnesch fir jonk a sozial méi schwaach Leit a Familljen mëttlerweil bal onméiglech bezuelbare Wunnraum ze fannen.
D’Gemengen sinn ee wichtegen Acteur, wann net esouguer de wichtegsten, fir an Zukunft d’Hausse vun d’Logementspräisser an de Grëff ze kréien andeems si Terraine mobiliséieren oder opkafe fir ganz an Eegeregie oder mat ëffentleche Bauträger wéi der SNHBM an dem Fonds de Logement flott a nohalteg Wunnprojeten ze realiséieren an dës Wunnengen duerno zu abordabele Präisser ze verlounen.
An der Gemengerotssëtzung vum 23. Abrëll stoung d'Virkaafsrecht ("droit de préemption") op 3 Parzellen (2x Bauterrain an 1x Wiss) am Zentrum vun Éilereng op der Dagesuerdnung. De Präis fir d’Bauland läit mat 40.000€ bal 2/3 ënnert dem mediane Maartpräis.
 
Déi gréng Suessem waren der Meenung fir hei d'Virkaafsrecht spillen ze loossen, dës Terrainen ze kafen, an doropp an de nächste Joren e flotte Wunnprojet „à coût modéré“ ze realiséieren.
 

Leider waren d'Majoritéitsparteien net eiser Meenung.


Liest hei eis ganz Stellungnam :
Stellungnam zum Virkaafsrecht op 3 Parzellen zu Éilereng

    Eis Zeitung

    Bild
    La Crise du Logement (FR)

    News Archive

    June 2021
    May 2021
    April 2021
    February 2021
    January 2021
    December 2020
    June 2020
    January 2020
    December 2019
    November 2019
    July 2019
    June 2019
    March 2019
    February 2019
    January 2019
    December 2018
    November 2018
    October 2018
    August 2018
    July 2018
    June 2018
    May 2018
    April 2018
    March 2018
    February 2018
    January 2018
    December 2017
    November 2017
    October 2017
    September 2017
    August 2017
    July 2017
    June 2017
    May 2017
    March 2017
    January 2017
    December 2016
    July 2016
    May 2016
    April 2016
    March 2016
    January 2016
    December 2015
    November 2015
    October 2015
    September 2015
    July 2015
    May 2015
    April 2015
    March 2015
    February 2015
    January 2015
    December 2014
    November 2014
    October 2014
    September 2014
    August 2014
    July 2014
    June 2014
    May 2014
    March 2014
    February 2014
    January 2014
    September 2013
    June 2013
    May 2013
    April 2013
    March 2013
    February 2013

Picture
© 2013 - déi gréng Suessem