D’Dagmar wor ëmmer e loyalen, fairen a kompetente Partner an et gin an eiser Gemeng vill Projeten déi seng Handschrëft droen, déi hat initiéiert huet oder un deenen hat aktiv matgeschafft huet. D‘Dagmar huet sech emmer fir d’Bierger an Biergeinnen vun eiser Gemeng agesat am Sënn vun enger nohalteger Politik an hat wäert dat och weiderhin maachen ouni an der éischter Rei ze stoen.
Mär, déi gréng Suessem, soen dem Dagmar villmols Merci a wënschen eis, dat hat nach vill Joren aktiv bei eis matschafft.
Als neie grénge Gemengerot ass d’Chantal FABER-HUBERTY de 25. September vereedegt gin.
An senger Untrëttsried huet d’Chantal sech d’Ziel gesat fir ëmmer een oppend Ouer fir all d’Bierger an d’Bergerinnen äus der Gemeng ze hun, virun allem bei folgende Froen :
- wéi wëlle mer an eiser Gemeng wunnen ?
- wéi wëlle mer an eiser Gemeng schaffen ?
- wéi wëlle mer an eiser Gemeng eis Fräizäit gestalten ?
- wéi ass d’Liewensqualitéit an eiser Gemeng ?
dat Ganzt natierlech am Sënn vun enger ökologescher an nohalteger Politik.
Weiderhin wëll d’Chantal sech verstärkt asetzen fir eis Kanner a Jugendlecher, d’Leit vum 3. Alter an all d’Leit deenen et nët esou gutt geet.
An dëser Zäit, an där d’Solidaritéit ëmmer méi wichteg gëtt, wäert d’Chantal sech dofir asetzen, datt all d’Bierger vun eiser Gemeng mateneen an nët nierfteneen wunnen.
Mär all wënschen dem Chantal FABER-HUBERTY vill Courage, Äusdauer an Erfolleg bei senger neier Aufgab.