500 Bierger woaren de läschten Donneschdeg, 24. Juli op der Protestaktioun géint de Contournement vu Käejeng op Suessemer Buedem dobäi.
E groussen Erfolleg ! Hei eng Partie Linken op d'Telé's- an Zeitungsreportagen. Kloerstellung - RTL Interview mam Romain Laures vun der BIGS zum Contournement vu Käerjeng25/7/2014
Léiwen Här Laures vun der B.I.G.S. (BiergerInitiativ Gemeng Suessem),
mat ganz villem wat där am RTL Interview sot, si mär als "déi gréng Suessem" averstanen, awer nët, datt mär eis Meenung zum Contournement vu Käerjeng geännert hun. "déi gréng Suessem" sin a bleiwen ganz kloer géint ee Contournement vu Käerjeng op Suessemer Buedem a wäerten konsequent a mat Vehemenz all politesch, juristesch an aner Aktiounen géint dee geplangten Tracé op Suessemer Buedem an duerch eng Natura 2000 Zone ënnerstëtzen. de Schäffen- a Gemengerot zesummen mam Aarbechtsgrupp Contournement organiséieren den Donneschdeg, 24. Juli eng grouss Protestaktioun géint de Contournement vu Käerjeng op Suessemer Buedem... méi Infoen:
|
Eis Zeitung
|