Eis 2 gréng Gemengeréit Alain CORNÉLY a Chantal FABER-HUBERTY sinn dëse Freideg net mat op de Wee gaange fir am Numm vun déi gréng Suessem weider juristesch Schrëtt géint de Contournement vu Käerjeng ze ënnerhuelen.
Den definitiven Äusschlag fir dogéint ze stëmmen, waren: 1) d’NOx Miessungen vun den éischte 6 Méint 2018, déi net erof, mee esouguer nach erop gaange sinn a mat enger Moyenne vun 44,1 microgr/m3 e gutt Stéck iwwert der zoulässeger Norm waren; 2) den Avis sommaire vum Jurist Me Helminger, deen d'Gemeng an de GT Contournement beréit, an deen engem Recours virum Verwaltungsgeriicht keng reell Chancen ginn huet. Hei ënnendrënner fann’ där d’Stellungnahm, déi d’Chantal FABER-HUBERTY am Numm vun der grénger Fraktioun am Gemengerot gemaach huet. |
Eis Zeitung
|