déi gréng Suessem wäerten an der nächster Gemengerotssëtzung vum 12. Juli eng Motioun deposéieren, déi de Schäfferot invitéiert fir eng Konventioun mat eise Nopeschgemengen ze ënnerschreiwen an esou den Zougang vu Schüler*innen äus der Gemeng Suessem zu de Musékschoule vun Déifferdeng, Käerjeng a Péiteng och weiderhin ze garantéieren.
Gläichzäiteg invitéiere mär awer och eise Schäfferot fir déi gutt Zesummenaarbecht mam Escher Conservatoire weiderzeféieren an ze kucken ob een och de Conservatoire vun Esch nach besser kann ënnerstëtzen.