Den 23. Januar 2013 huet de Minister Wiseler an enger Entrevue dem Schäfferot matgedeelt, firwat déi vun de Suessemer Gemengverantwortlechen virgeschloe Varianten fir ee Contournement vu Käerjeng nët a Fro kommen.
Déi verschidden Argumenter géint déi proposéiert alternativ Varianten sin a Form vun enger vu Ponts & Chaussées äusgeschafftener Präsentatioun festgehalen an erläutert gin. (Wann där op d'Bild klickt, kënnt där déi Präsentatioun am Détail kucken.)
Déi Gréng Suessem betruechten eng ganz Rei vun den vu Ponts & Chaussées duergeluechten Argumenter géint déi alternativ Varianten als nët äusräichend fondéiert an domatten als inakzeptabel.