...An enger Gemeng wéi Suessem huet all Ressort wichteg Aufgaben a Funktiounen. An 4 vun dëse Ressorten déi eis Gréng awer besonnesch um Häerz leien, et sin dat d’Emwelt-, d’Mobilitéits-, Schoul-,an Jugendpolitik, gëtt zanter 2 Jorzéngten eng gutt Aarbecht geleescht an d’Resultater loosse sech weisen.
An och dëse Budget vun 2016 weist ganz däitlech d’Bereetschaft vum Schäfferot fir an dëse Beräicher an der Kontinuitéit weiderzeschaffen an domadder an eng nohalteg Zukunft vun eiser Gemeng ze investéiren. ...