déi gréng Suessem
  • Accueil
  • Presentatioun
    • Gemengerot
    • Comité Lokalsektioun
    • Kommissiounen
    • Eis Statuten
  • Memberschaft
  • Archiv
  • Links
  • Contact

Abschied vum Robert Rings

15/2/2013

 
Picture
Léif Kolleginnen a Kollegen,

ech hunn decidéiert, mer a menger läschter Ried, wou ech hei am Gemengerot däerf halen, keng Feinden ze maachen, weder bei iech, nach bei der Press, an dofir wäert meng Ried kuerz sinn.

Wéi ech virun 2 Joer decidéiert hunn, méi lues ze trëppelen, an doropshin meng Plaz am Schäfferot zur Verfügung gestallt hunn, dat no 13 Joer Oarbecht an diverse Schäfferéitszesummesetzungen, woar et fir mech kloer, datt och de nächste Schrëtt, d.h. de Réckzuch aus dem Gemengerot iergendwann op der Dagesuerdnung géif stoen.

Ech hunn de Moment elo gewielt, well mech mäi Beruff als Schoulmeeschter an doriwwer eraus zënter dem läschte Joer och nach als Président d’école zu Monnerech, zäitméisseg ganz vill an Usproch hëlt, an ech si mer bewosst, datt et eng Rei Leit gëtt, och heibannen, déi sech dat net kënnen virstellen.

Ech ginn awer och zou, datt déi Zäit am Schäfferot, wéi gesot 13 Joer, mech nervlech a kierperlech mat der Zäit strapazéiert huet, an datt ech der Meenung sinn, datt ech och d’Recht hunn, e bësse méi Zäit fir mech a meng Famill zur Verfügung ze hunn.

Meng Decisioun ass mer och emsou méi liicht gefall, well mäi Nofolger am Gemengerot an der Persoun vum Alain Cornély e ganz gudde Kolleg zënter menger Kannerzäit ass, een dee ganz vill am Hannergrond schafft a ganz diskret fir eis Partei, awer och scho Jore laang an de Jugendheiser an an diverse Kommissioune ganz aktiv ass.

Och wann de Wiessel net onbedéngt eng dramatesch Verjéngung ass, weess ech awer, datt den Alain äusserst motivéiert an och e grousse Schaffert ass. Ech wënschen him op alle Fall eng flott Zäit a vill Engagement a senger neier Fonctioun als Gemengerot.

Ech hunn a menge 19 Joer hei am Gemengerot all d’Facetten vun der Gemengepolitik matkritt.

Ech woar Gemengerot an der Oppositioun, ech woar Gemengerot an der Majoritéit a wéi gesot och aktiv am Schäfferot, an ech fannen et eng perséinlech Beräicherung, wann een d’Méiglechkeet hat, déi verschidden Beräicher ze erliewen.

Ech wëll net am Detail dorops agoen, wat an deenen bal 2 Jorzingten wou ech d’Chance hat, hei matwierken ze kënnen, alles an eiser Gemeng geännert huet (dat hat ech beimenger Abschiedsried als Schäffe scho gemeet), mee ech wëll awer all deene Mercisoen, déi dozou bäigedroen hunn, datt ech dës Zäit am Réckbléck als ganz positiv
gesinn an op kee Fall mësse wëll, well ech vill interessant Leit kennegeléiert hunn an och ganz vill konnt bäiléieren.

E Merci also un all déi Leit, mat deenen ech am Schäfferot zesummegeschafft hunn, an dat woaren der vill. Ween eemol iwwer länger Zäit an engem Schäfferot woar, weess, wat dat un Oarbecht an heiansdo och Ierger bedeit, an dofir gehéiert meng absolut Héichuechtung all deene Leit, déi dat op sech huelen, well et ass wichteg fir eis Demokratie, datt et ëmmer nees Leit gëtt, déi déi Strapazen op sech huelen, grad op lokalem Niveau.

Merci awer och all deene Leit, déi hir Fräizäit hierginn, fir hir Aufgab als Gemengerot sérieux ze huelen, well hir Aufgab fir eng lieweg Demokratie net manner wichteg ass. Ech sinn iwwregens och frou, datt ech no bal 20 Joer Gemengepolitik mat kengem vun de Leit hei am Gemengerot, och wann ee vun Zäit zu Zäit huet misse streiden, mer esou an d’Hoer gerode sinn, datt do déiwer Wonne bliwwe sinn. Op mannst hunn ech keng, an ech hoffen, datt ech och keng bei aneren hannerlooss hunn.

E Merci awer och all deene Leit, mat deenen ech hei op der Gemeng ze dinn hat, ouni hiren Asaz an hir Zouverlässegkeet si mär als politesch Verantwortlecher zimmlech op eis gestalt. Fir mech woar dat eng Freed fir mat hinnen zesummen ze schaffen an ech hunn och vun hinne vill bäigeléiert.

Last but not least wëll ech awer och de Pressevertrieder Merci soen, well obschonn ech kengem vun de Medien politesch extra no stung, hunn ech fonnt, datt d’Berichterstattung an där laanger Zäit ëmmer ganz fair woar.

Ech wënschen iech all och an Zukunft eng gesond Sträitkultur heibannen  a mär wäerten eis sécherlech nach bei där enger oder anerer Geleeënheet zréckgesinn.  
 



Comments are closed.

    Eis Zeitung

    Bild
    La Crise du Logement (FR)

    News Archive

    December 2020
    June 2020
    January 2020
    December 2019
    November 2019
    July 2019
    June 2019
    March 2019
    February 2019
    January 2019
    December 2018
    November 2018
    October 2018
    August 2018
    July 2018
    June 2018
    May 2018
    April 2018
    March 2018
    February 2018
    January 2018
    December 2017
    November 2017
    October 2017
    September 2017
    August 2017
    July 2017
    June 2017
    May 2017
    March 2017
    January 2017
    December 2016
    July 2016
    May 2016
    April 2016
    March 2016
    January 2016
    December 2015
    November 2015
    October 2015
    September 2015
    July 2015
    May 2015
    April 2015
    March 2015
    February 2015
    January 2015
    December 2014
    November 2014
    October 2014
    September 2014
    August 2014
    July 2014
    June 2014
    May 2014
    March 2014
    February 2014
    January 2014
    September 2013
    June 2013
    May 2013
    April 2013
    March 2013
    February 2013

Picture
© 2013 - déi gréng Suessem