déi gréng Suessem
  • Accueil
  • Presentatioun
    • Gemengerot
    • Comité Lokalsektioun
    • Kommissiounen
    • Eis Statuten
  • Memberschaft
  • Archiv
  • Links
  • Contact

GRÉNG NEWS - Januar 2022

21/1/2022

 

klicke fir ze liesen - appuyez pour lire
Picture

eis 2. Motioun "barrierefräi a vëlosfrëndlech Gemeng: ELO HANDELEN!" gouf vum Schäffen- a Gemengerot mat ganz liichten Ännerungen ugeholl

21/6/2021

 
Picture
Beim virleschte Gemengerot ware mär Gréng zimlech enttäuscht, datt d’Majoritéit eis Motioun, mam Zil vun enger verbesserter Barrierefräiheet an doucer Mobilitéit, net matgedroen huet. Besonnesch, well mer eigentlech just gefuerdert haten fir punktuell op 2 Plazen an eiser Gemeng ze analyséieren oder analyséieren ze loossen, ob a wéi eng Verbesserung vun der Situatioun do méiglech wier.
Schon erstaunlech fir eng Gemeng déi sech dem Konzept „design for all“ verschriwwen, an d’Charte de la Diversité ënnerschriwwen huet an déi schonn 2014 den 1. Präiss vun Infohandicap fir „eng Gemeng fir jidereen“ kritt huet. Erstaunlech net zu lescht awer och, wann ee weess, datt e Member vun eisem Schäfferot och Direktesch vum nationalen CET, dem lëtzebuerger „Centre pour l’Egalité de Traitement“ ass.
Mär hunn duerno net opginn an op Eegeninitiativ de Kontakt mat ADAPTH a mat der CFL opgeholl.
Resultat:
ADAPTH wier frou der Gemeng seng Mathëllef unzebidde, fir Léisunge bei der Foussgängerbréck tëschent dem Bieleser Kierfecht an der rue de France ze fannen oder Léisungsvirschléi ze analyséieren.
An d‘CFL ass direkt nach e Schrëtt méi wäit gaangen, huet kuerzfristeg ee vun hiren Ingenieuren op d’Plaz geschéckt an huet schrëftlech schon zougeséchert fir op d’mannst beim Passage ënnert de Gleisen bei der Gare Belval/Réiden innerhalb vun 2-3 Méint net nëmmen eng provisoresch, mee eng definitiv Léisung (änlech wéi op der Foto) ze fannen an ze amenagéieren.
Dofir war et fir eis nëmme logesch fir direkt eng 2. Motioun mam selwechten Titel „barrierefräi a vëlosfrëndlech Gemeng“ awer mam Zousaz „ELO HANDELEN!“ nozereechen.
No klengen Upassungen um Text, déi vum Schäfferot virgeschloe goufen a näischt un eise Fuerderunge geännert hunn, gouf de Freideg eng Motioun fir eng méi „barrierefräi a vëlosfrëndlech Gemeng“ eestëmmeg vun der Majoritéit an der Oppositioun ugeholl.

Déi gréng an d’Bierger:innen aus de Gemeng Suessem soe MERCI.

Picture

de Basketsterrain bei der Schoul 2000 zu Zolwer muss bleiwen

24/5/2021

 
Picture
Zolwer kritt eng nei Maison Relais bei der Schoul 2000. Dat ass eng super Saach.
Laut de Pläng soll den Basketsterrain ewell just duerch ee „mini“ Feld mat enger eenzeger Raquette ersat ginn.
Et ass awer bekannt, datt den aktuelle Basketsterrain bei Kanner a Jugendlechen immens beléift ass an och vill benotzt gëtt fir Matcher ze spillen, wat op deem geplangte „mini“ Feld net méi méiglech ass.
Déi gréng Suessem bedaueren dat, besonnesch well gewosst ass, datt Sport a Beweegung net nëmme gutt ass fir d’Gesondheet, mee och enorm wichteg fir d’Cohésion sociale an d’Integratioun vun eise Kanner a Jugendlechen.
No enger Visite op der Plaz sinn déi gréng der Meenung, datt genuch Plaz ass fir esouwuel e ganze Foussballsterrain wéi och ee ganze Basketsterrain ze installéieren, ouni weideren a gréisseren Impakt op déi aktuell Pläng déi virleien.
Et kéint een déi 2 Spillfelder niefteneen amenagéieren, och wann se da net grad de Norme vun der FLF an der FLBB géifen entspriechen.
Dës Propos hunn déi gréng dem Schäfferot an der leschter Sëtzung vum Gemengerot gemaach an de Schäfferot huet eis versprach fir dat nach eng Kéier ze „analyséieren“.
Hei kënn’ Där dat am Detail nolauschteren.
https://soundcloud.com/commune-de-sanem/amenagement-communal-saisine-1?in=commune-de-sanem/sets/conseil-communal-de-sanem-21052021

Motioun fir eng barrierefräi a vëlosfrëndlech Gemeng

29/4/2021

 
Picture
Picture
Eis Gemeng Suessem ass Signataire vun der lëtzebuerger "Charte de la Diversité" an huet sech zanter ville Joeren och dem Konzept "Design for All" verpflicht. Gläichfalls huet eis Gemeng d'Ambitioun fir am Kader vun hirem "Mobilitéitsplang 2030" zu enger vëlosfrëndlecher Gemeng ze ginn.
Déi gréng hunn an dësem Sënn haut, den 30. Abrëll eng  Motioun fir eng "barrierefräi a vëlosfrëndlech Gemeng" am Gemengerot agereecht duerch déi de Schäfferot invitéiert sollt ginn, d'Méiglechkeeten ze iwwerpréiwe fir esouwuel d'Foussgängerbréck iwwert de Gleisen tëschent der Rue de France an dem Bieleser Kierfecht, wéi och d'Ënnerféierung ënnert de Schinnen bei der Gare Belval/Rédange esou ze gestalten, datt se an Zukunft och vu Leit mat kierperlechen Aschränkungen a Leit mat Kannerkutsch iwwerhaapt emol, an och vu Vëlosfuerer besser genotzt kéinte ginn.
Leider ass eis Motioun mat de Stëmme vun der LSAP/CSV Majoritéit verworf ginn.
De Schäfferot huet zwar wuel all eis Begrënnunge richteg fonnt an eis Initiativ begréisst, mee amplaz proaktiv ze schaffen an ze kukke wat een do kuerzfristeg kéint realiséieren, waart de Schäfferot léiwer op een zukünftegt Gesetz iwwert d'Accessibilité à tous de lieux ouverts au public, des voies publiques, ... (PL7346) bei deem nach net gewosst ass  wéini et kënnt a wat definitiv drasteet, fir dann eréischt ze analyséieren ob a wat een op deenen 2 Plaze maache kéint fir d'Mobilitéit vu Leit mat kierperlechen Aschränkungen, Leit mat Kannerkutsch an och vun de Vëlosfuerer op dësen 2 Plazen ze verbesseren.
Ëmmerhin ass d'Verspriechen vum Schäfferot do fir aktiv ze ginn esoubal dat neit Gesetz an der Chamber gestëmmt ass.
Mär bleiwen um Ball.
Liest hei déi ganz Motioun:
fir eng barrierefräi a vëlosfrëndlech Gemeng

Logementskris - Gemengen an der Verantwortung

23/4/2021

 
Picture
Zu Lëtzebuerg ass et besonnesch fir jonk a sozial méi schwaach Leit a Familljen mëttlerweil bal onméiglech bezuelbare Wunnraum ze fannen.
D’Gemengen sinn ee wichtegen Acteur, wann net esouguer de wichtegsten, fir an Zukunft d’Hausse vun d’Logementspräisser an de Grëff ze kréien andeems si Terraine mobiliséieren oder opkafe fir ganz an Eegeregie oder mat ëffentleche Bauträger wéi der SNHBM an dem Fonds de Logement flott a nohalteg Wunnprojeten ze realiséieren an dës Wunnengen duerno zu abordabele Präisser ze verlounen.
An der Gemengerotssëtzung vum 23. Abrëll stoung d'Virkaafsrecht ("droit de préemption") op 3 Parzellen (2x Bauterrain an 1x Wiss) am Zentrum vun Éilereng op der Dagesuerdnung. De Präis fir d’Bauland läit mat 40.000€ bal 2/3 ënnert dem mediane Maartpräis.
 
Déi gréng Suessem waren der Meenung fir hei d'Virkaafsrecht spillen ze loossen, dës Terrainen ze kafen, an doropp an de nächste Joren e flotte Wunnprojet „à coût modéré“ ze realiséieren.
 

Leider waren d'Majoritéitsparteien net eiser Meenung.


Liest hei eis ganz Stellungnam :
Stellungnam zum Virkaafsrecht op 3 Parzellen zu Éilereng

D'Kanner aus der Gemeng Suessem beweegen sech

24/2/2021

 
Picture
Foto: Hans Lucas

Vill doheem, vill dobannen, e Mangel u Beweegung, sozial Isolatioun.
Et ginn alarméierend Signaler a Warnunge vu Dokteren a Wëssenschaftlerinnen, datt ganz vill vu eise Kanner psychesch wéi och physesch extreemst ënnert der momentaner Covid Situatioun leiden.
„déi gréng Suessem“ wëllen deem, wann och nëmmen ganz e bëschen, entgéintwierken an dofir hu mär eng Motioun eragreecht an däer mer dem Schäfferot proposéiere fir 1-2 mol d’Woch am Nomëtteg Beweegungsaktivitéiten am Livestream iwwer „Teams“ unzebidden.
Eng Moniteurin mécht d’Übunge vir an d’Kanner maache se doheem einfach mat.

SOLIDARITÉIT MAM HORESCA SECTEUR

16/2/2021

 
SOLIDARITÉIT mam HORESCA SECTEUR
déi gréng Suessem hunn dem Schäfferot haut de Moien an der Gemengerotssëtzung virgeschloen fir dem Horesca Secteur an der Gemeng Suessem ënnert d’Äerm ze gräifen.
D’Gastronomiebetriber hunn am meeschten a schonn am längsten ënnert der Coronakris ze leiden.
Dofir ass eis Propose fir hinnen zumindest en Deel vun de Gemengentaxen fir Waasser, Ofwaasser a Müll fir 3 Méint nozeloossen.
Picture

Stellungnam vun „déi gréng“ Suessem zu der Resolutioun vun „déi Lénk“ géint eng direkt Baugeneemegung fir de Remblai technique "Aleweier" (Crassier Gadderscheier Suessem / Déifferdeng)

16/2/2021

 
Déi Lénk hunn dem Suessemer Gemengerot an senger leschter Sëtzung virgeschloe fir eng Resolutioun géint eng direkt Baugeneemegung fir de Remblai technique "Aleweier" ze stëmmen.

Hei ass eis Stellungnam zu dëser Resolutioun:

Stellungnam déi gréng Suessem
Picture

Prost Neijoer !

1/1/2021

 
Picture

eis gréng Stellungnam zum Suessemer Gemengebudget 2021

11/12/2020

 
Picture
klickt hei fir ze liesen
<<Previous

    Eis Zeitung

    Bild
    La Crise du Logement (FR)

    News Archive

    June 2021
    May 2021
    April 2021
    February 2021
    January 2021
    December 2020
    June 2020
    January 2020
    December 2019
    November 2019
    July 2019
    June 2019
    March 2019
    February 2019
    January 2019
    December 2018
    November 2018
    October 2018
    August 2018
    July 2018
    June 2018
    May 2018
    April 2018
    March 2018
    February 2018
    January 2018
    December 2017
    November 2017
    October 2017
    September 2017
    August 2017
    July 2017
    June 2017
    May 2017
    March 2017
    January 2017
    December 2016
    July 2016
    May 2016
    April 2016
    March 2016
    January 2016
    December 2015
    November 2015
    October 2015
    September 2015
    July 2015
    May 2015
    April 2015
    March 2015
    February 2015
    January 2015
    December 2014
    November 2014
    October 2014
    September 2014
    August 2014
    July 2014
    June 2014
    May 2014
    March 2014
    February 2014
    January 2014
    September 2013
    June 2013
    May 2013
    April 2013
    March 2013
    February 2013

Picture
© 2013 - déi gréng Suessem