"Rent en Ent" - eng Iddi vum Ëmweltbüro vun der Gemeng Suessem, ëmgesat mat der Ënnerstëtzung vun der Ëmweltschäffin Myriam CECCHETTI an der Ëmweltkommissioun mat hirem Präsident Jeannot BETTENDORF (Quell: Tageblatt vum 29/06/2013) Léif Kolleginnen a Kollegen, ech hunn decidéiert, mer a menger läschter Ried, wou ech hei am Gemengerot däerf halen, keng Feinden ze maachen, weder bei iech, nach bei der Press, an dofir wäert meng Ried kuerz sinn. Wéi ech virun 2 Joer decidéiert hunn, méi lues ze trëppelen, an doropshin meng Plaz am Schäfferot zur Verfügung gestallt hunn, dat no 13 Joer Oarbecht an diverse Schäfferéitszesummesetzungen, woar et fir mech kloer, datt och de nächste Schrëtt, d.h. de Réckzuch aus dem Gemengerot iergendwann op der Dagesuerdnung géif stoen. |
Eis Zeitung
Kordallzeitung
On Tour!News Archive
June 2018
|









