Nicht mit vielen wirst du dir einig sein, doch dieses Leben bietet so viel mehr.
(Xavier Naidoo)
"gréng Fester an der Gemeng Suessem"
géi och du mat eis op dee Wee
"déi gréng" Suessem
Dieser Weg wird kein leichter sein, dieser Weg wird steinig und schwer. Nicht mit vielen wirst du dir einig sein, doch dieses Leben bietet so viel mehr. (Xavier Naidoo) "gréng Fester an der Gemeng Suessem" géi och du mat eis op dee Wee "déi gréng" Suessem et geet och anescht ewéi de Bauschutt just op e grousse Koup ze tippen ! hei eng Reportage äus der SWR Sendung "im Grünen" vum 12. März 2013 Et woar e flotten Dag mat interessanten Diskussiounen a villen Iddien fir eng sozial-ökologesch an nohalteg Weiderentwécklung vun eiser Gemeng. Neie PAG fir eis Gemeng !
Woù, wéi an och wéivill soll an de nexte Jore gebaut gin ? Wéi gesäit et mat neier Infrastruktur äus ? (Stroossen, Veloswéer, Spillplazen, Schoulen, Fräizäit...) A wéi eng Richtung soll d'Gemeng sech weiderentwéckelen ? Är Meenung ass gefrot an erwënscht! Präsentatioun vun der Etude préparatoire vum PAG mat uschléissende Workshoppen an Aarbechtsgruppen - de Samschdeg, 10. Mee um 9.45 Auer an der Gemeng - Den Nohaltegkeetsminister François BAUSCH huet géigeniwwer dem Lëtzebuerger Wort (Äusgaben vum 9. an 11.1.2014, Säiten 2-3) erklärt, datt et am Kader vum "MoDu"-Konzept zu enger Upassung vun de Prioritéiten kënnt. Den öffentlechen Transport (Tram, Eisebunn, P&R Parkingen op eise Grenzen, ...) soll nach méi Prioritéit genéissen. Bei der aktueller Finanzlag ergëtt sech logescherweis doräus, datt eng Partie vun de geplangte Stroossebäuprojeten eréischt méi spéit kënne réaliséiert gin. Speziell fir de Käerjenger Contournement sot de Minister dann och nach, datt d'Varianten déi vun der Suessemer Gemeng virgeschloe gi sin, nach eng Kéier am Detail analyséiert gin. Äusserdeem mussen nach eng Partie Gutachten an de Beräicher Ëmwelt a Landesplanung fäerdeggestallt gin, déi dann an d'EIE ("évaluation des incidences environnementales") afléissen. De Minister wäert den Dialog mat de Suessemer an de Käejenger Bierger sichen. Den Dossier soll an aller Transparenz behandelt gin. Mëtt Dezember hun de Mouvement Ecologique (MECO) an d'Biergerinitiative "Stop Dioxin" dem Escher an dem Suessemer Schäffen- a Gemengerot e Schreiwes zoukomme gelooss, an deem si op eng (Zitat) "permanent Iwwerschreidung vun de Grenzwerter" opmierksam maachen. den Text vum Communiqué de presse vu MECO an STOP DIOXIN fannt där ënnert folgenden Linken: |
Eis Zeitung
Kordallzeitung
On Tour!News Archive
June 2018
|